De Cygnusbou (op Englesch Cygnus Loop) ass e Supernovarescht am Stärebild Cygnus.
Den Emissiounsniwwel streckt sech iwwer en Himmelsausschnëtt vun ongeféier dräi Grad. Hie läit ronn 1.500 Liichtjoer vun eiser Äerd ewech [1][2] an ass an en ettlech Segmenter gegliddert. Säi bekanntsten Deel ass de Cirrusniwwel am optesche Spektrum.
Weider Objete sinn ënner anerem: NGC 6960, NGC 6974, NGC 6979, NGC 6992, NGC 6995 an IC 1340.
![]() |
![]() |