Dachauer Hefte, mam Ënnertitel Studien und Dokumente zur Geschichte der nationalsozialistischen Konzentrationslager, ass eng Zäitschrëft a Form vu Bicher, déi op d'mannst eemol d'Joer am Optrag vum Comité International de Dachau vu Bréissel, der Organisatioun vu fréieren Dachau Prisonéier, publizéiert gëtt. Editeure sinn de Wolfgang Benz an d'Barbara Distel.