Daniel Reding | |
---|---|
Gebuer | 20. Juli 1972 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Gewerkschaftler, Lycéesprofesser |
![]() |
Den Daniel Reding, gebuer den 20. Juli 1972 an der Stad Lëtzebuerg[1], ass e lëtzebuergesche Professer a Gewerkschaftler.
No sengem Studium a Lettres classiques zu Paräis op der Sorbonne, huet hien, vun 1996 un, a verschiddene Lycéeën (LNBD, LGL, LTB an LTEtt) zu Lëtzebuerg Franséisch a Latäin ginn. Momentan ënnerriicht hien am Lycée Michel-Rodange.
Tëschent Juni 2008 a September 2017 war hie President vum Exekutivcomité vun der Professeschgewerkschaft APESS. An tëscht 2015 an 2020, souz hie fir d'APESS an der Chambre des fonctionnaires et employés publics.