Dean Martin | |
---|---|
| |
Gebuertsnumm | Dino Paul Crocetti |
Pseudonym | The King of Cool, Dino, Dino Martini |
Gebuer |
7. Juni 1917 Steubenville |
Gestuerwen |
25. Dezember 1995 Beverly Hills |
Doudesursaach | klengzellege Karzinom |
Nationalitéit | USA |
Aktivitéit | Sänger, Jazzmuseker, Dréibuchauteur, Komiker, Produzent, Filmproduzent, Televisiounsschauspiller, Schauspiller, Boxer, Schrëftsteller, Filmschauspiller |
Partei | Republican Party |
Famill | |
Bestuet mat | Jeanne Martin |
Kanner | Dean Paul Martin, Deana Martin |
![]() |
Den Dean Martin, gebuer als Dino Crocetti de 7. Juni 1917 zu Steubenville am Ohio, a gestuerwen de 25. Dezember 1995 zu Beverly Hills a Kalifornien, war en US-amerikanesche Sänger a Schauspiller.
Hie gouf vun 1950 bis 1956 bekannt duerch d'Komikerduo, dat en zesumme mam Jerry Lewis forméiert huet. Duerno war hien ouni de Lewis am Kino a bedeitende Filmer wéi am Krichsfilm The Young Lions (1958) vum Edward Dmytryk, dem Drama Some Came Running (1958) vum Vincente Minnelli, dem Western Rio Bravo (1959) vum Howard Hawks an dem Kaméidisfilm Kiss Me Stupid (1964) vum Billy Wilder ze gesinn