Deep Sky

En ettlech astronomesch Niwwelen am Stärebild Orion zielen als Deep-Sky-Objeten

Ënner dem Begrëff Deep Sky (wiertlech: „déiwen Himmel“) ginn an der Amateurastronomie déijeeneg optesch observéiert Himmelskierper zesummegefaasst, déi baussenzeg vun eisem Sonnesystem sinn (also keng Asteroiden, Planéiten oder Koméiten), an déi och keng eenzel Stäre sinn. Zu hinnen zielen ënner anerem all Stärekéip, astronomesch Niwwelen a Galaxien.

Et gëtt keng Klassifizéierung vun Objeten am Zesummenhank mat hirer Distanz gemaach. Sou kënnen Deep-Sky-Objete relativ no (Messier 45: 430 Liichtjoer), oder och wäit ewech sinn (Messier 51: ongeféier 35 Mio. Liichtjoer).


From Wikipedia, the free encyclopedia · View on Wikipedia

Developed by Nelliwinne