D'Departement Sambre-et-Meuse, war e fréiert franséischt Departement deem säin Haaptuert Namouer war.
D'Departement gouf den 1. Oktober 1796 gegrënnt, wéi déi Territoiren, déi haut der Belsch a Lëtzebuerg entspriechen, un dat revolutionäert Frankräich ugeschloss gi waren (1794/95). D'Departement huet 1814/15 der Provënz Namur Plaz gemaach. Dobäi sinn al-lëtzebuergesch Gebidder wéi La Roche-en-Ardenne, Durbuy, asw., déi dem Departement zougeschloe gi waren, dem neigeschaafte Groussherzogtum Lëtzebuerg zougesprach ginn.