Desmond Llewelyn | |
---|---|
![]() | |
Gebuer | 12. September 1914 |
Gestuerwen |
19. Dezember 1999 Ost Sussex |
Doudesursaach | Verkéiersaccident |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich |
Educatioun | Royal Academy of Dramatic Art |
Aktivitéit | Schauspiller, Filmschauspiller, Televisiounsschauspiller |
![]() |
Den Desmond Wilkinson Llewelyn, gebuer den 12. September 1914 zu Newport, a gestuerwen den 19. Dezember 1999, war e walisesche Schauspiller.
De Llewelyn gouf besonnesch wéinst senger Roll als Q an 18 James Bond-Filmer bekannt. Hien huet an deenen de Chef vun der Q-Abteilung vum brittesche Geheimdéngscht MI6 gespillt, déi de Bond mit allerhand technesche Spillereien ekipéiert huet.
Den Desmond Llewelyn, de Jong vun engem Kuelegrouweningenieur wollt ursprénglech Geeschtleche ginn. Op der Highschool huet en a munnechen Theaterstécker matgespillt an hien huet mat der Zäit dru Gefale fonnt.
No dem Zweete Weltkrich, an deem hien eng laang Zäit an engem däitsch Krichgefaangenelager verbruecht huet, ass hie weidergefuer mat senger Theatercarrière.