Dieter Hallervorden | |
---|---|
![]() | |
Gebuer |
5. September 1935 Dessau |
Nationalitéit | Däitschland |
Educatioun | Humboldt-Universitéit Berlin |
Aktivitéit | Televisiounsmoderateur, Synchronspriecher, Sänger, Schrëftsteller, Kabarettist, Dréibuchauteur, Filmschauspiller, Televisiounsschauspiller, Filmregisseur |
Partei | Freie Demokratische Partei |
Member vun | Verein Deutsche Sprache |
Famill | |
Bestuet mat | Rotraud Schindler, onbekannt |
Kanner | Nathalie Hallervorden |
![]() |
Den Dieter Jürgen "Didi" Hallervorden, gebuer de 5. September 1935 zu Dessau, ass en däitsche Komiker, Kabarettist, Schauspiller a Sänger.
An Ost-Däitschlad gebuer, dat zënter 1949 d'DDR sollt ginn, ass hien 1958 op West-Berlin geplënnert. Hien hat verschidde Geleeënheetsaarbechten, an huet 1960 de Cabaret Die Wühlmäuse gegrënnt, wouvun e bis haut Direkter ass. Hien huet och privat Schauspillcourse geholl a gouf no an no ëmmer méi dacks fir Film- an Televisiounsrollen engagéiert. Sou huet hien an Das Millionenspiel, e Gangsterboss an am Thriller Der Springteufel ee gespillt, deen aus engem Geckenhaus fortgelaf war. Hien huet awer och komesch Rollen interpretéiert, an hat säin Duerchbroch 1975 mat der Slapstick-Serie Nonstop Nonsens. Hien hat déi Zäit och Succès mat Parodien op Schlager oder bekannt Lidder, wéi z. B. Du, die Wanne ist voll, op d'Melodie vu You're the one that I want aus Grease.
An den 1980er Joren huet Den Dieter Hallervorden als Dréibuchauteur a Schauspiller a Kinofilmer säi Personnage "Didi" weider agesat. An den 1990er Joren huet hien nees méi politesch Cabarete gemaach, an op der Tëlee als Schauspiller a verschidde Komedies-Serien oder als Moderator vun Emissioune gewierkt. Niewelaanscht huet hien Theater gespillt, an ass och mat Soloprogrammer op der Bün opgetrueden.
2005 huet hie seng Autobiographie Wer immer schmunzelnd sich bemüht... publizéiert.
Zënter 2010 ass hien a "seriöen" Tëlees- a Kinofilmer ze gesinn, wéi z. B. 2012 am Thriller Das Kind, 2013 a Sein letztes Rennen an 2014 am Till Schweiger sengem Honig im Kopf.