Dikrecher Iesel

Den Iesel ass d'Symbolfigur vun Dikrech. Et gouf allerdéngs eng Zäit, wou déi Verbindung als Beleidegung ugesi gouf. An der Tëschenzäit sinn déi Dikricher sech bewosst ginn, datt dat grot Déier zwar e bësse stur ass, awer besonnesch aarbechtswëlleg, bescheiden a gemittlech. Lo gesinn déi Dikrecher déi Verbindung éischter als Éier, un där si festhale wëllen.

De lokale Fuesveräin hält eng Ieselsfamill am Agank vun der Sauerstad. Déi trëtt reegelméisseg bei Dikrecher Fester op. Déi zwéin Ieselsburen an der Foussgängerzon si beléift Fotomotiver. Och soss sti vill Manifestatiounen ënner dem Zeeche vum Iesel.

Iwwer den Urspronk vun Dikrech als Ieselstad gëtt et verschidde Versiounen: D'Thes, se kéim dohier, well déi Dikrecher an der Mëtt vum 19. Joerhonnert géint de Projet vun engem Eisebunnszentrum gewiescht wieren, gouf an der Tëschenzäit vu Bréiwer a Berichter aus dem Gemengerot widerluecht. Méi buedemstänneg ass d'Versioun datt d'Iesele beim Wäibau an de géien Häng vum Härebierg agesat goufen. Dofir solle bis um Enn vum 18. Joerhonnert aussergewéinlech vill Ieselen zu Dikrech gewiescht sinn. Schliisslech gëtt et och Berichter iwwer e Pällem-Iesel an der Aler Kirch, op deem eng Christusfigur souz. Pällemsonndeg gouf deen duerch Dikrech gefouert. Déi Praxis gouf no enger Visite vu Kontrolleren aus dem Bistum Tréier verbueden, well si de Spott vun den Nopeschgemenge sou wollte verhënneren, sou heescht et.

Enger méi spekulativer an humoristescher Hypothees[1] no hätt den Iesel wuel eppes mat der Aler Kierch ze doen, an zwar an dem Sënn, datt vläicht scho vum Mëttelalter un och zu Dikrech, wéi am Elsass, an der Bourgogne an a verschiddene Stied an Däitschland, Italien, der Schwäiz asw., eng "fête de l'âne" an a rondrëm d'Al Kierch ofgehale gi wier. Op deene genannte Plazen am Ausland ass dann eng Pressioun vu verkleete "Gecken" an d'Kierch gezunn, un der Spëtzt en Iesel mat Fra a Kand op sengem Réck, d'Mass gouf vun hannen no vir gelies, de klenge Klerus huet Bëschof gespillt. Leider sinn nach keng direkt Beweiser fir déi Hypothees fonnt ginn, awer et wier derwäert fir der Saach op de Fong ze goen.[2],[3]

  1. Kneip 2005.
  2. Diekirch Stadt der Esel. Lëtzebuerger Journal (June 5, 2010).
  3. Kuckt och: L'âne, la mascotte de la ville. Archivéiert de(n) 29.03.2013. Gekuckt de(n) 19.03.2012.

From Wikipedia, the free encyclopedia · View on Wikipedia

Developed by Nelliwinne