Donkels

Donkels
Donkels gemoolt vum Mathis Wildanger
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Doncols
de: Donkols
Land Lëtzebuerg
Kanton Wolz
Gemeng Wanseler
Buergermeeschter Romain Schroeder
Awunner 431
  1. Januar 2023
Héicht 466 m
Koordinaten 49° 58’ 12’’ N
      05° 50’ 15’’ O

Donkels ass eng Uertschaft an der Gemeng Wanseler.

Donkels a Soller waren déi eenzeg Uertschaften um Territoire vum haitege Lëtzebuerg, an deene fréier Wallounesch geschwat gouf.

Duerch d'Grenzzéiung duerch den Traité vu London koum et net, wéi déi aner wallouneschsproocheg Uertschaften, un d'Provënz Lëtzebuerg, mä un de Grand-Duché. Zeien dovu sinn z. B. franséischsproocheg Flouernimm, wéi Bois des Poux oder wallouneschsproocheg Bezeechnunge vun Uertschaftsdeeler vun Donkels, wéi Bohey.

Hirem Wollef hunn déi Donkelsser e Monument opgeriicht

From Wikipedia, the free encyclopedia · View on Wikipedia

Developed by Nelliwinne