Earth Observing System

Den Earth Observing System (engl. fir Äerdobservatiounssystem), kuerz EOS, ass e Fuerschungsprogramm vun der NASA, zu deem eng Rei kënschtlech Satellitten mat wëssenschaftlechen Instrumenter am Äerdorbit gehéieren. Déi Äerdobservatiounssatellitten erméigleche laangfristeg Nofuerschunge vun der Landuewerfläch, der Biosphär, der Atmosphär an den Ozeanen. De Programm gouf 1997 gestart an ass en Deel vum NASA-Projet Earth Science Enterprise.


From Wikipedia, the free encyclopedia · View on Wikipedia

Developed by Nelliwinne