Ecuador

República del Ecuador
Republik Ecuador

Fändel vun Ecuador

Detailer

Offiziell Sprooch: Spuenesch
Haaptstad: Quito
Staatsform: Presidialrepublik
 • President: Daniel Noboa
Fläch: 256.370 km²
Bevëlkerung: 17.483.326 (2023)
Internet TLD: .ec
D'Anden am Ecuador, mat zwee schnéibedeckte Vulkaner: lénks den Antisana, riets de Cotopaxi, 2004.

D'Republik Ecuador, op Spuenesch República del Ecuador, ass e Staat am Nordweste vu Südamerika tëscht Kolumbien a Peru. Am Weste stéisst Ecuador un de Pazifik

D'Haaptstad Quito läit an den Anden op enger Héicht vun 2.800 Meter, ongeféier 30 km südlech vum Equator.

Wéi den Numm et seet läit Ecuador um Equator, dee gréissten Deel vum Land läit awer südlech dovun.

D'Galápagos-Inselen déi zu Ecuador gehéieren, leien eng ronn 1.000 Kilometer virun der Küst.


From Wikipedia, the free encyclopedia · View on Wikipedia

Developed by Nelliwinne