Edward Dmytryk

Edward Dmytryk
Gebuer 4. September 1908
Gestuerwen 1. Juli 1999
Encino
Doudesursaach Niereversoen
Nationalitéit USA
Aktivitéit Filmregisseur, Filmproduzent, Filmediteur, Dréibuchauteur, Regisseur

Den Edward Dmytryk, gebuer de 4. September 1908 zu Grand Forks a Kanada, a gestuerwen den 1. Juli 1999 zu Encino a Kalifornien, war en US-amerikanesche Filmregisseur a Filmproduzent.

Bekannt Filmer déi den Dmytryk gedréint huet sinn The Caine Mutiny (1954) mam Humphrey Bogart, de Western Broken Lance (1954) mam Spencer Tracy a Robert Wagner, den dramatesche Film Raintree County (1957) mam Montgomery Clift an Elizabeth Taylor an de Krichsfilm The Young Lions (1957) mam Marlon Brando a Maximilian Schell.


From Wikipedia, the free encyclopedia · View on Wikipedia

Developed by Nelliwinne