Linnennummer | 42 |
---|---|
Besëtzer | Infrabel |
Bedreiwer | SNCB |
Technesch Donnéeën | |
Längt | 60,2 km |
Spuerbreet | Normalspuer |
Stroumsystem | 25kV Wiesselstroum |
D'Eisebunnsstreck Rivage-Gouvy oder Linn 42 vun der belscher Eisebunnsgesellschaft SNCB ass eng 59,8 Kilometer laang Linn déi Rivage an der Provënz Léck mat Gouvy an dodriwwer eraus mat der Nordstreck vu Lëtzebuerg verbënnt.
D'Linn 42 huet mat Ausnam vu verschiddenen Deelstécker an de Garen, an an dem Tunnel vun Trois-Ponts, tëscht Aywaille a Vielsalm nëmmen ee Gleis. Vu Vielsalm bis op Gouvy (11,4 km), a vu Rivage bis op Aywaille (8,2 km) ass d'Streck zweegleiseg. Si ass mat 25 kV elektrifizéiert.
D'Streck gëtt och alt vun der SNCB fir Belaaschtungs- an Homologatiounstester vun neie Lokomotive benotzt. D'Streck huet nämlech zwou géi Rampen, déi eng mat 15 ‰ tëscht Trois-Ponts a Vielsalm an eng vun 18 ‰ bei Cierreux tëscht Vielsalm a Gouvy.