Eng Ellips ass e speziell zouen ovale Bou. Si zielt nieft dem Punkt, dem Krees, der Parabol an der Hyperbol zu de Kegelschnëtter.
An der Natur trieden Ellipse a Form vun ongestéierte kepleresch Planéitebunne ëm d'Sonn op. Och beim Zeechnen vu Schréibiller ginn heefeg Ellipse gebraucht, well e Krees duerch eng Parallelprojektioun am Allgemengen als Ellips ofgemoolt gëtt.
D'Ellips (vum gr. ἔλλειψις, élleipsis) gouf vum Apollonios von Perge agefouert, d'Bezeechnung bezitt sech op d'Exzentrizitéit .[1]