![]() |
Dësen Artikel aus dem Film- an Televisiounsberäich ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Elmar Wepper | |
---|---|
![]() | |
Gebuer |
16. Abrëll 1944 Augsburg |
Gestuerwen |
31. Oktober 2023 Planegg |
Nationalitéit | Däitschland |
Aktivitéit | Filmschauspiller, Synchronspriecher, Televisiounsschauspiller, Schauspiller |
Famill | |
Geschwëster | Fritz Wepper |
![]() |
Den Elmar Wepper, gebuer de 16. Abrëll 1944 zu Augsburg, a gestuerwen den 31. Oktober 2023 zu München, war en däitsche Schauspiller a Synchronspriecher.
Hie gouf haaptsächlech duerch seng Rollen als Assistent Erwin Klein an der Krimiserie „Der Kommissar“ oder als Dr. Ralf-Maria Sager an der Serie „Zwei Münchner in Hamburg“ bekannt, wou hien nieft der Uschi Glas eng vun den Titelrolle gespillt huet.
A senger Karriär huet hien tëscht 1957 an 2019 an iwwer 85 Film- an Tëleesproduktioune matgespillt. Als Synchronspriecher war hien déi däitsch Stëmm vum Mel Gibson.
Den Elmar Wepper war de Brudder vum Schauspiller Fritz Wepper an de Monni vun der Sophie Wepper.