Emmanuel Limpach

Emmanuel Limpach
Gebuer 12. Oktober 1721
Pafendall
Gestuerwen 6. September 1793

Den Nikolaus Emmanuel Limpach, gebuer den 12. Oktober 1721 am Pafendall,[1] engem Faubourg vun der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen de 6. September 1793 (zu Iechternach[2] oder am Weilerbaacher Schlass bei Bollenduerf ?[3]), war den 72. a leschten Abt vun der Abtei Iechternach.[4]

  1. Flies 1970, S. 535; Spang 1982a. — Colljung 2000 gëtt d'Joer 1722 als Gebuertsjoer un, ouni den Dag ze preziséieren.
  2. Eichhorn et al. 1977, S. 93; Bour 2000, S. 127s. — De Brimmeyr 1923, S. 111, an de Spang 1982a, S. 104, ginn net un, wou de Limpach gestuerwen ass, méiglecherweis well et fir si sous-entendu war, datt hien zu Iechternach an der Abtei verscheed ass.
  3. Colljung 1992, S. 73, 2000, 2010, S. 218. — De Gregor Spedener (Die im Luxemburger Land lebten und webten, 1937, S. 50) huet dem Limpach säi Stierfdag iertemlecherweis op de 6. September 1798 verluecht, an den Evy Friedrich op den 8. September 1798 (Kalennerblieder, Bd. 4, 1985, S. 263).
  4. Brimmeyr 1923, S. 107-111.

From Wikipedia, the free encyclopedia · View on Wikipedia

Developed by Nelliwinne