Enovos Luxembourg s.a. ass eng lëtzebuergesch Entreprise, déi Energie (Stroum a Gas), liwwert. Si huet hire Sëtz zu Esch-Uelzecht.
Si ass 2009 entstanen aus der Fusioun vun der Cegedel (déi bis dohin 70 % vum Lëtzebuerger Stroummaart hat), der Soteg a Saar Ferngas.
De Lëtzebuerger Staat ass mat 25,44 Prozent Haaptaktionär. 23,48 Prozent gehéieren der Ardian, 18,36 Prozent der RWE, 10,1 Prozent der SNCI, 10 Prozent der E.ON, 8 Prozent der Gemeng Lëtzebuerg a 4,71 Prozent der GDF Suez.[1]
Duechtergesellschafte sinn ë. a. an Däitschland d'Enovos Energie Deutschland GmbH zu Wiesbaden an d'Enovos Deutschland AG zu Saarbrécken.
Enovos Luxembourg huet 745 Mataarbechter a beliwwert 136.000 Privatclienten a 34.000 Entreprisen zu Lëtzebuerg.