Epidemie

Dëse Medezinsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Dësen Artikel gehéiert zur Serie vun de Medezinartikelen. Dës Informatioune si fir eng allgemeng Weiderbildung geduecht, mä ersetzen op kee Fall en Dokter oder Apdikter! Och d'Éischt-Hëllef-Rotschléi kënnen op kee Fall mat engem richtegen Éischt-Hëllef-Cours gläichgesat ginn!

Eng Epidemie (vum anticke Griicheschen ἐπί epí 'op, bei, zou' an δῆμος dēmos 'Vollek'), ass déi an enger mënschlecher Bevëlkerung verstäerkt Heefegkeet vu Krankheetsfäll, déi op eng eenheetlech Ursaach zeréckzeféiere sinn, soulaang se zäitlech a raimlech limitéiert bleift. Et handelt sech deemno ëm e groussen Ausbroch vun enger Krankheet. De Begrëff ass net op Infektiounskrankheete limitéiert.

Well sech d'Wuertendung -demie sproochlech op Mënsche bezitt, sinn an der Veterinärmedizin d'Begrëffer Epizootie amplaz vun Epidemie, an Panzootie amplaz vu Pandemie geleefeg.


From Wikipedia, the free encyclopedia · View on Wikipedia

Developed by Nelliwinne