Equator

Usiicht vun enger Kugel.
Den Equator (blo) deelt d'Kugel an zwou Hallschenten a kräizt de Meridian (giel) ënner 90°. Wéi all aner duerchgezunne Linne vun dësem Bild ass den Equator ee Grousskrees. Déi gestréchelt Linne sinn d'Breetekreesser.

Den Equator (lat. „Gläichmécher“) ass dee Grousskrees vun enger Kugel oder vun engem Planéit, dee vu béide Pole gläich wäit ewech ass. Et ass deen eenzege Breetekrees, dee gläichzäiteg ee Grousskrees ass, also déi kierzt Verbindung tëscht all senge Punkten duerstellt. Seng geographesch Breet ass  0°.

D'Rotatiounsachs vun engem astronomeschen Objet gëtt am Zentrum als Normaldefinéiert – dat ass am Allgemengen de Schwéierpunkt – eng Fläch. Dës Fläch heescht Equatorfläch. Den Equator ass d'Schnëttlinn vun der Equatorfläch mat der Uewerfläch. D'Projektioun vum Equator op d'Himmelssphär ass den Himmelsequator.

Aus direkte Grënn gëtt den Äerdequator einfach „Equator“ genannt.


From Wikipedia, the free encyclopedia · View on Wikipedia

Developed by Nelliwinne