Ernest Rutherford

Ernest Rutherford
Gebuer 30. August 1871
Gestuerwen 19. Oktober 1937
Cambridge
Nationalitéit Neiséiland
Educatioun Universitéit vu Canterbury,
Universitéit vu Cambridge,
Trinity College
Aktivitéit Cheemiker, Physiker, Professer, Politiker, Universitéitsprofesser
Member vun Order of Merit, Royal Society, Däitsch Akademie vun den Naturfuerscher Leopoldina, Peepstlech Akademie vun de Wëssenschaften, Bayeresch Wëssenschaftsakademie, Wëssenschaftsakademie vun der URSS, Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften, Académie des sciences, American Academy of Arts and Sciences, Russesch Akademie vun de Wëssenschaften, Preisesch Wëssenschaftsakademie, American Philosophical Society, Accademia Nazionale delle Scienze, Koninklijke Nederlandse Akademie van Wetenschappen, National Academy of Sciences, Accademia delle Scienze di Torino


Den Ernest Rutherford, gebuer den 30. August 1871 zu Nelson (Neiséiland), a gestuerwen den 19. Oktober 1937 zu Cambridge, war e brittesche Physiker.

Hien huet 1902 d'Hypothees opgestallt, datt cheemesch Elementer duerch radioaktiven Zerfall an Elementer mat méi niddreger Uerdnungszuel iwwerginn. 1903 huet en d'Radioaktivitéit an Alphastralung, Betastralung a Gammastralung no der positiver, negativer oder neutraler Oflenkung vun de Stralendeelercher an engem Magnéitfeld opgedeelt an en huet de Begrëff vun der Hallefwäertszäit agefouert. Dës Aarbecht gouf 1908 mat dem Nobelpräis fir Chimie ausgezeechent.

De Rutherford war an de Jore 1925 bis 1930 President vun der Royal Society.


From Wikipedia, the free encyclopedia · View on Wikipedia

Developed by Nelliwinne