Esch-Sauer | |
---|---|
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Esch-sur-Sûre de:Esch-Sauer |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Wolz |
Gemeng | Esch-Sauer |
Buergermeeschter | Laurent Hilger |
Awunner | 422 |
1. Januar 2023 | |
Fläch | 676,2269 ha |
Koordinaten |
49° 54’ 41’’ N 5° 56’ 5’’ O |
Esch-Sauer (vereelzt och Esch am Lach[1]), ass eng lëtzebuergesch Uertschaft an der Gemeng Esch-Sauer am Kanton Wolz, mat 422 Awunner. Si huet sech am Laf vun de Joerhonnerte ronderëm e Fiels am Dall vun der Sauer entwéckelt, op deem nach haut d'Ruine vun der Buerg stinn. Vun uewe gesinn huet Esch-Sauer eng Schléngeform. D'Duerf läit tëscht den Uertschafte Kauneref, Lëlz an Eschduerf.
Am Dezember 2021 huet de Magasinn GEO plus Esch-Sauer zu engem vun den 20 schéinsten Dierfer aus Europa gewielt.[2]