![]() |
Dëse Geographiesartikel iwwer Europa ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Eesti Vabariik | |||||
| |||||
![]() | |||||
Offiziell Sprooch: | Estnesch | ||||
Haaptstad: | Tallinn | ||||
Staatsform: | Republik | ||||
• President: | Alar Karis | ||||
• Premierministesch: | Kaja Kallas | ||||
Fläch: | 45 226 km² | ||||
• Dovu Waasser: | 4,6 % | ||||
Bevëlkerung: | 1 370 052 [1] | ||||
• Bevëlkerungsdicht: | 30,29/km² | ||||
Onofhängegkeet: | 24. Februar 1918 (deklaréiert), 20. August 1991 (erëmkritt) | ||||
Nationalfeierdag: | 24. Februar | ||||
Nationalhymn: | Mu isamaa, mu õnn ja rõõm (Lauschteren) | ||||
Wärung: | Euro (EUR) | ||||
Zäitzon: | UTC +2 (+3 am Summer) | ||||
Internet TLD: | .ee | ||||
Internationalen Telefonsprefix: |
+372 | ||||
![]() |
Estland, offiziell d'Republik Estland (estnesch: Eesti Vabariik) ass e Staat am nordëstlechen Europa. Direkt Nopeschlänner sinn am Oste Russland an am Süde Lettland. Estland läit um Baltesche Mier an d'Bannemier mécht dann och zum Norden a Westen hin d'Grenz. Nieft dem Festland gehéieren nach eng 1500 Inselen zu der Republik. Saaremaa an Hiiumaa, déi zwou gréisst dovun, spären den direkte Wee vum Baltesche Mier an d'Rigaer Bucht.
Haaptstad an anengems och gréisst Stad am Land ass Tallinn (fréier Reval genannt). Tallinn läit, vum Mier getrennt, knapps 85 km südlech vun der finnescher Haaptstad Helsinki ewech. Estland a Finnland si sech net nëmme geographesch no, mä hunn och sproochlech a kulturell vill Enges.