Etienne Schneider | |
---|---|
![]() | |
Gebuer |
29. Januar 1971 Diddeleng |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun |
ICHEC Brussels Management School, Universitéit vu Greenwich |
Aktivitéit | Politiker |
Partei | LSAP |
Fonctioun | Verdeedegungsminister, Wirtschaftsminister, Minister fir bannenzeg Sécherheet, Vizepremierminister, Gesondheetsminister, Wirtschaftsminister, Vizepremierminister, Wirtschaftsminister |
![]() |
Den Etienne Schneider, gebuer den 29. Januar 1971 zu Diddeleng, ass e lëtzebuergeschen Ekonomist a Politiker (LSAP). Hie war vun 2012 bis 2013 Wirtschafts- an Aussenhandelsminister an der Regierung Juncker-Asselborn II, vun 2013 bis 2018 Vizepremierminister, Wirtschaftsminister, Minister fir bannenzeg Sécherheet a Verdeedegungsminister an der Regierung Bettel-Schneider, a vun 2018 bis 2020 Vize-Premierminister, Minister fir Wirtschaft a Minister fir Gesondheet an der Regierung Bettel-Schneider-Braz. 2020 gouf hie Member vum Conseil d'Administration vu BeSix a vun ArcelorMittal.[1]