Eurovision Song Contest 1962

7. Eurovision Song Contest
Datum 18. Mäerz 1962
Stad Lëtzebuerg (Lëtzebuerg)
Gebai Villa Louvigny
Gewënner Isabelle Aubret (Frankräich)
Zuel vu Länner 16
Nei Participatiounen Keng
Moderatioun Mireille Delannoy
Interval Act Achille Zavatta
Ofstëmmungsreegel A jiddwer Land souzen zéng Jurymemberen. Jiddwer Member huet mat 3, 2 an engem Punkt fir een Titel ofgestëmmt.
Villa Louvigny, 2008

De 7. Eurovision Song Contest (offiziell den Grand Prix Eurovision de la Chanson Européenne), war den 18. Mäerz 1962 zu Lëtzebuerg. Organiséiert gouf d'Eurovisioun dat Joer an der Villa Louvigny zu Lëtzebuerg. Presantatrice war d'Mireille Delannoy.

Et si keng Ännerunge gi bei de Länner déi matgemaach hunn. Dofir ass d'Zuel vun de Länner bei 16 bliwwen.

De Fud Leclerc aus der Belsch huet fir déi véiert Kéier matgemaach, koum awer just op déi lescht Plaz.

Dat däitscht Lidd Zwei kleine Italiener ass e grousse kommerziellen Erfolleg fir d'Sängerin Cornelia Froboess ginn, obwuel et nëmmen déi sechst Plaz erreecht hat.

Et ass nees eng Ännerung gi bei der Ofstëmmung: An all Land souzen 10 Jurysmemberen, déi jeeweils 3, 2 an 1 Stëmm ze verginn haten. D'Resultater goufen telefonesch an ëffentlech op Lëtzebuerg iwwermëttelt.

Déi éischt Plaz krut d'Vertriederin vu Frankräich, d'Isabelle Aubret mat 13 Punkte Virsprong virum François Deguelt (Monaco). Déi drëtt Plaz krut de Camillo Felgen, dee fir d'Lëtzebuerg ugetruede war.


From Wikipedia, the free encyclopedia · View on Wikipedia

Developed by Nelliwinne