![]() |
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Evy Friedrich | |
---|---|
Gebuertsnumm | Évrard Jean Pierre Friedrich |
Gebuer |
30. Abrëll 1910 Lëtzebuerg |
Gestuerwen | 30. Juli 1989 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Filmregisseur, Filmkritiker, Journalist |
![]() |
Den Évrard Jean Pierre ("Evy") Friedrich, gebuer den 30. Abrëll 1910 an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen den 30. Juli 1989, war e lëtzebuergesche Journalist, Filmemécher, Editeur a Chronist.
Hien huet sech besonnesch fir de Kino intresséiert, an huet jorelaang Filmkritike publizéiert. Hie war den Editeur vun der éischter Kinoszäitschrëft zu Lëtzebuerg, Le film luxembourgeois (1927-1935). 1947 huet hien och en eegene Kuerzfilm gedréint: Les danseurs d'Echternach, eng Docu-fiction iwwer d'Iechternacher Sprangpressioun. Dat war den éischte Lëtzebuergesche Film, deen zu Cannes um Filmfestival gewise gouf (Kategorie "Documentaire").
1938 war hien Editeur vun der Zäitschrëft Oesling.
An den 1980er Joren hat hien am Lëtzebuerger Programm vu Radio Lëtzebuerg eng Chronik, Kalennerblieder genannt. Dës huet hien, no eegenen Aussoen, als eng Zort Virleefer vun engem Lexikon iwwer Lëtzebuerg ugesinn.
A sengem Roman De franséischen Doud vum Oscar Messidor vun 2007 huet de Josy Braun him, als "Fred Evrard", e literarescht Denkmal gesat.
Hien huet nach ënner follgende Pseudonymme geschriwwen: A. Béjo; C.T.; Jacques Cartier; Censor; Marcel Contin; E.F. / e.f.; Filaxen Hary; Fréf; Harungo Marino; Willy Helm; Impresario; Jacques et Marcel; Camille Kraus; Kucki; Le; René Maupert a Wanda.