F. K. Waechter | |
---|---|
![]() | |
Gebuer |
3. November 1937 Gdańsk |
Gestuerwen |
16. September 2005 Frankfurt am Main |
Nationalitéit | Däitschland |
Aktivitéit | Karikaturist, Dichter, Moler, Schrëftsteller, Dramatiker, Kannerbuchauteur, Illustrateur, Zeechner, Comicsauteur, Filmdréibuchauteur, Filmregisseur, Filmschauspiller |
![]() |
De Friedrich Karl Waechter, bekannt als F. K. Waechter, gebuer den 3. November 1937 zu Danzeg, a gestuerwen de 15. September 2005 zu Frankfurt am Main, war en däitsche satiresche Schrëftsteller a Graphiker.
Den F. K. Waechter ass als Jong vun engem Schoulmeeschter zu Danzeg (haut: Gdansk) gebuer. 1945 ass e mat senger Famill a Schleswig-Holstein fortgelaf. Hien huet zu Hamburg Konscht studéiert an duerno zu Freiburg im Breisgau an enger Publicitéitsagence geschafft. 1962 ass en op Frankfurt geplënnert an huet huet do de Robert Gernhardt, de Clodwig Poth an de Fritz Weigle (alias F. W. Bernstein) kenne geléiert a mat hinnen déi sougenannt Neue Frankfurter Schule gegrënnt, déi an de spéiden 1960er an uganks 1970er Joren an Däitschland nei Moossstief fir Satir an hannersënnege Nonsense gesat hunn.
Den F.K. Waechter huet bei den Zäitschrëften "Pardon" a "Konkret" matgeschafft an d'Satirzäitschrëft "Titanic" mat gegrënnt. Grousse Succès hat e mat antiautoritäre Kannerbicher (z. B. Der Anti-Struwwelpeter) an Theaterstécker.
De F.W. ass 2005 zu Frankfurt, no laanger schwéierer Krankheet verscheed.
Säi lescht Wierk, Prinz Hamlet koum am Abrëll 2005 eraus, et ass eng Shakespeare-Kommentéierung aus der Siicht vum Kasperle a vum Bier.