Florelle | |
---|---|
Gebuertsnumm | Odette Élisa Joséphine Marguerite Rousseau |
Pseudonym | Odette Florelle |
Gebuer |
9. August 1898 Les Sables-d'Olonne |
Gestuerwen |
28. September 1974 La Roche-sur-Yon |
Nationalitéit | Frankräich |
Aktivitéit | Filmschauspiller |
D'Florelle, gebuer als Odette Rousseau den 9. August 1898 zu La Chaume, a gestuerwen den 28. September 1974 zu La Roche-sur-Yon, war eng franséisch Sängerin a Schauspillerin.
Bedeitend Filmer an deene si matgespillt huet sinn: L'opéra de quat'sous (1931) vum Georg Wilhelm Pabst, Liliom (1934) vum Fritz Lang, Les misérables (1934) vum Raymond Bernard, Le crime de Monsieur Lange (1936) vum Jean Renoir a Gervaise (1956) vum René Clément.