D'Flucht op Varennes war e Fluchtversuch vum franséische Kinnek Louis XVI. a senger Famill an der Nuecht vum 20. op den 21. Juni 1791.
Ursprénglech war d'Flucht bis op Metz geplangt, mä gouf awer an der klenger Uertschaft Varennes opgehalen, well de Jong vun engem Bréifdréier de Louis XVI. erkannt hat. D'kinneklech Famill gouf doropshi vun der Garde nationale nees op Paräis zeréckbruecht, an de Kinnek gouf kuerzfristeg vu senge Charge suspendéiert. Well zu dësem Zäitpunkt keen eng Alternativ zu der geplangter Aféierung vun enger konstitutioneller Monarchie an der Constitutioun vu 1791 gesinn huet, hu sech d'Deputéiert vun der Assemblée nationale drop gëeenegt, datt de Kinnek "entfouert" gi war, an hunn him säin Amt gelooss.
Duerch de Fluchtversuch war allerdéngs d'Vertraue vun den Deputéierten an de Kinnek déif gestéiert ginn an d'Evenement huet den extreeme Gruppéierungen an der Assemblée nationale neie Wand ginn. D'Membere vum Club des Cordeliers hunn nach den Dag selwer vun der Flucht erkläert: "Endlich si mir fräi an ouni Kinnek.". Eng vun hinnen organiséiert Demonstratioun e Mount méi spéit ass mam sougenannte Massaker um Champ-de-Mars op en Enn gaangen.