Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Gemeng | Käerch |
Plaz | Käerch |
Koordinaten | 49°40'9,5"N, 5°56'52,3"O |
Datum vum Bau | 13. Joerhonnert |
Ofgerappt oder zerstéiert | 18. Joerhonnert |
![]() |
D'Fockeschlass (och Nassauer Schlass) war eng Buerg aus dem Mëttelalter zu Käerch, vun där haut näischt méi ze gesinn ass, an un déi nach just e puer Toponymmen erënneren, wéi z. B. de Fockegaart, d'Fockenuecht an de Fockebësch.
D'Buerg, spéider Schlass hat mat der Fockemillen am Äischdall hir eege Bannmillen, déi haut nach bewunnt ass. Käerch hat am Mëttelalter zwou Buergen an zwou Herrschaften. Nieft dem Fockeschlass gouf et zu Käerch och nach d'Waasserbuerg (oder -schlass) vun der fréierer Herrschaft vu Rollengen (säit der Mëtt vum 18. Jh. Gréiweschlass genannt, haut Käercher Schlass), wouvun haut d'Ruin nach am Zentrum vum Duerf steet. Och d'Herrschaft vu Rollengen hat eng eege Bannmillen (ënnescht Mille, spéider passend zum Schlass och Gréiwemillen genannt), déi net wäit ewech vun der Fockemillen och op der Äisch stoung, mä déi awer haut komplett verschwonnen ass. An der Hierarchie vu béiden Herrschaften zu Käerch, war d'Fockenherrschaft fir déi nidder Geriichtsbarkeet zoustänneg an de Besëtzer vum Fockegutt gouf oft als Mathär (Co-seigneur) vu Käerch bezeechent.
D'mëttelalterlech Geschicht vun de Famillje vun der Fockenherrschaft weist munch a Vergiessenheet geroden Verbindungen op, an Uertschaften (Bäreldeng, Recken bei Miersch, Esch-op-der-Huurt am Areler Land, Wolkreng bei Diddenuewen an aner méi) déi zum Deel op haut vergaangenen Territoire vun der aler Grofschaft a vun 1353 un, dem Herzogtum Lëtzebuerg, loungen. De Gillman vum ’Corrycher‘ Fockeschlass huet zu de Gefollegleit vum Heinrich dem VII. gehéiert. Och wann d'Herrschafte vu Käerch der Maarkgrofschaft Arel zougehéiereg waren, esou gouf et iwwer de Ludwig vun Nassau (aus enger Niewelinn) vun der Renaissance-Zäit un um Fockeschlass och eng Familljenofstamung déi zeréckgeet op den Engelbert I. vun Nassau-Dillenburg aus der Grofschaft Veianen an an den Äifeler Raum (Detzem). Ënner de Virfare vun der leschter bekannter Damm, déi d'Fockeschlass am 18. Jh. bewunnt huet, der Odilia-Therese d'Huart, ass mam Christophe vu Baden[1][2] e Statthalter vun der Maarkgrofschaft Baden-Roudemaacher ze fannen.
D'Mëtt vum 18. Jh., virum Verfall a Verschwanne vum Fockeschlass, war vu sëllege Prozesser a Kloe markéiert, déi tëscht dem Proprietär, dem Grof vun Aansebuerg, dem Virbesëtzer, dem Här vu Reiffenberg, deen trotz Verkaf nach duerch eng Rent an eng Zort Wunnrecht un de Grof gebonne war, an dem Käercher Paschtouer Ningels, dem Erbauer vun der haiteger Käercher Kierch, deen dem neiadelege Grof kierchlech Adelsprivileegie verweigert huet, ausgedroe goufen. D'Fockeschlass ass am Laf vun der zweeter Hallschent vum 18. Joerhonnert no an no verfall a verschwonnen. An de Joren 1984/85 hunn de Robert Krantz an den Norbert Quintus sech méi genee mam Fockeschlass auserneegesat, si hunn al Quellen ënnersicht an hir Hypotheesen iwwer d'Geschicht an d'Bauphase geäussert.[3]
<ref>
Markéierung;
et gouf keen Text ugi fir d'Referenze mam Numm :16
<ref>
Markéierung;
et gouf keen Text ugi fir d'Referenze mam Numm :17