Fonds culturel national (Focuna) | |
---|---|
Typ | Ëffentlecht Etablissement |
Grënnungsdatum | 27.08.2013 |
Sëtz |
4, Boulevard Roosevelt L-2912 Lëtzebuerg |
Generaldirekter |
Jo Kox (President Comité-directeur) |
Homepage | www.focuna.lu |
![]() |
De Fonds culturel national, kuerz Focuna, ass en ëffentlecht Etablissement zu Lëtzebuerg, dat duerch d'Gesetz vum 4. Mäerz 1982 an d'Liewe geruff gouf[1]. En ënnersteet dem Kulturministère.
D'Aufgab vum Fong ass et fir Subsiden an Done vun ëffentlecher oder privater Hand ze empfänken, ze verwalten an ze gebrauchen, fir engersäits d'Konscht an d'Wëssenschaft ze ënnerstëtzen an anersäits den nationalen historesche Patrimoine ze erhalen, ze restauréieren an ze fleegen.
De Fong kann Donen unhuelen déi net fir e spezielle Zweck bestëmmt sinn, oder awer och explizitt fir z. B. den Institut Grand-ducal, d'Staatsarchiven, staatlech oder kommunal Muséeën, d'Nationalbibliothéik oder fir kommunal Bibliothéiken, de Service des sites et monuments oder aner Instituter déi als« utilité publique » ugesi ginn.