Freie Demokratische Partei | |
---|---|
![]() | |
Ofkierzung | FDP |
President | Christian Lindner |
Vizepresidenten |
Wolfgang Kubicki Bettina Stark-Watzinger Johannes Vogel |
Generalsekretär | Marco Buschmann |
Gegrënnt | 12. Dezember 1948 |
Parteizentral |
Thomas-Dehler-Haus Reinhardtstraße 14 10117 Berlin Däitschland |
Memberszuel |
77.200 (2021) |
Europäesch Affiliatioun | ALDE |
Bundestag |
91/736 Sëtz |
Europaparlament |
5/96 Sëtz |
Websäit | www.fdp.de |
D'Freie Demokratische Partei (FDP), och nach Freie Demokraten genannt, ass eng liberal däitsch politesch Partei.
Si gouf 1948 gegrënnt a war vun 1949 bis 2013 ouni Paus am Däitsche Bundestag vertrueden, éier si et 2013 net iwwer d'"Fünf-Prozent-Hürde" gepackt huet, d. h. net den néidege Minimum vu 5% vun de Stëmme kritt huet fir kënnen am Parlament vertrueden ze sinn. Bei de Bundestagswalen 2017 krut si dunn awer 10,7% vun de Stëmmen an huet et domat nees zeréck an d'Parlament gepackt[1].