Fritz Lang | |
---|---|
Gebuertsnumm | Friedrich Christian Anton Lang |
Gebuer |
5. Dezember 1890 Wien |
Gestuerwen |
2. August 1976 Beverly Hills |
Nationalitéit | Däitschland, USA, Éisträich |
Educatioun | Technesch Universitéit Wien |
Aktivitéit | Filmregisseur, Dréibuchauteur, Schauspiller, Filmediteur, Filmschauspiller, Filmproduzent, Regisseur, Schrëftsteller |
De Fritz Lang, gebuer als Friedrich Christian Anton Lang de 5. Dezember 1890 zu Wien, a gestuerwen den 2. August 1976 zu Beverly Hills, Kalifornien, war en éisträichesch-US amerikanesche Filmregisseur, Dréibuchauteur a Schauspiller.
De Fritz Lang war de Jong vum Architekt Anton Lang an deem senger Fra Paula Schlesinger. 1907 huet de Fritz Lang mat engem Bauingenieursstudium ugefaange fir duerno 1908 op d'Akademie der bildenden Künste Wien ze wiesselen. 1916 ass hien erëm op Wien zeréckkomm nodeem hien am Krich verwonnt gi war. Do huet hien als Dréibuchauteur fir de Filmregisseur Joe May geschafft.
Am Joer 1919 huet de Lang mat Halbblut säin éischte Film als Regisseur gedréint, aner bekannt Stommfilmer vun him sinn Dr. Mabuse, der Spieler (1921/1922), Die Nibelungen (1924) a Metropolis (1927).
M (1931) ass dem Lang säin éischten Tounfilm mam Peter Lorre an der Haaptroll. De Personnage vum Dr. Mabuse daucht dann am Joer 1933 erëm op am Film Das Testament des Dr. Mabuse . De Film gouf an Däitschland vum Reichsministerium für Volksaufklärung und Propaganda verbueden.
Wéinst dem Naziregime huet de Fritz Lang Däitschland verlooss an ass a Frankräich an den Exil gaangen. Do huet hien dann nach de Film Liliom (1934) mam Charles Boyer gedréint. Duerno ass hien an d'USA emigréiert.
Mat Fury (1936) huet de Lang säin éischte Film an den USA gedréint, mam Spencer Tracy an der Haaptroll. Am Ufank vun den 1940 Jore huet hien e puer Anti-Nazi-Filmer wéi Man Hunt (1941), Hangmen Also Die (1943) a Ministry of Fear (1944) realiséiert.
Duerno huet hien nieft engem Krichsfilm Americain Guerrilla in Philippines (1950), engem Western Rancho Notorious mat der Marlene Dietrich an engem Abenteuerfilm Moonfleet haaptsächlech Melodramen a Filmer vum Genre Film noir wéi Scarlet Street (1945), The Blue Gardenia (1953) a The Big Heat (1953) gedréint.
1956 koum de Fritz Lang erëm zeréck an Europa an huet do nach e Film an 2 Deeler gedréint: Der Tiger von Eschnapur an Das indische Grabmal. Als leschte Film koum den Dr. Mabuse nach eng Kéier un d'Rei mat Die 1000 Augen des Dr. Mabuse.
1964 huet hien am Film Le mépris vum Jean-Luc Godard d'Roll vun engem Filmregisseur gespillt. Haaptacteure waren d'Brigitte Bardot an de Michel Piccoli.