Gaasperecher Park

Gaasperecher Park
De Park am Juni 2023
Lokalisatioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Plaz Gaasperech
Koordinaten 49°35'15,25"N, 6°7'38,68"O
Bauhär Stad Lëtzebuerg (Verwaltung)
Fläch 14,86 ha
d'Aweiung vum Park am Juni 2023

De Gaasperecher Park ass e Park am Stater Quartier Gaasperech, op de fréiere Flouere Bei der Kéiwiss an Op dem Wakebierg[1], deen de 7. Juni 2023 ageweit gouf (ursprénglech war 2020 virgesinn).

E gouf vum Bureau Carlo Mersch entworf[2] an huet eng Fläch vu 14,86 Hektar[3]. Zentraalt Element ass d'Drosbech, déi an engem renaturéierte Bett queesch derduerch leeft, a ronderëm där hir Uwänner e Fiichtgebitt ugeluecht gouf, duerch dat een iwwer Brécken a Pontonen trëppele kann. Och e Weier vu 70 Ar ass realiséiert ginn.

Am Park gëtt et ë. a. e Pavillon, eng grouss Spillplaz, Terraine fir Petanque, Foussball, Basketball oder Beachvolleyball ze spillen, eng Hondswiss, eng Picknicksplaz an en Areal mat Fitnessgeschier. Am ganze 4,5 km Weeër fir Foussgänger a Cycliste ginn derduerch, déi de Park mat de Stroosse ronderëm verbannen. E Restaurant an en Aussiichtstuerm gi méi spéit amenagéiert.

Den Amenagement huet 15,99 Milliounen Euro kascht[4].

D'Preparatiounsaarbechte fir de Park unzeleeën hunn am Mäerz 2020 ugefaangen. Am Laf vum Joer gouf de Weier ausgegruewen. Am Februar 2021 gouf ugefaangen, Traisch a Beem unzeplanzen, an am Mee hunn d'Schräineraarbechten ugefaangen[5].

De Park ass mam stättesche Bus iwwert d'Halt Francophonie um Boulevard de Kockelscheuer a mam Tram vun der Statioun Lycée Vauban aus accessibel.

  1. geoportail.lu
  2. Quell, wou net anescht uginn: Céline Coubray: "Le vert sera de mise au Ban de Gasperich." paperjam.lu, 1 Septembre 2017.
  3. “Die Bäume in der Stadt – Geschichte, Arten und Pflege”, Service Parcs, Ville de Luxembourg, 2024, S. 98
  4. Nadine Schartz, „Grüne Lunge im grauen Ban“ um Spaweck
  5. Rita Rupert: "Gasperich: 16,6 Hektar Grünanlage im Bau." wort.lu, 10-03-2021.

From Wikipedia, the free encyclopedia · View on Wikipedia

Developed by Nelliwinne