Galaxie

Den Numm Galaxie (griichesch γαλαξίας, galaxías [männlech]) gëtt an der Astronomie allgemeng fir eng gravitativ gebonn grouss Usammlung vu Matière, wéi Stären a Planéitesystemer, Gasniwwelen, Stëbswolleken an aner Objete gebraucht. Synonym kann och de Begrëff Stäresystem gebraucht ginn.

An eiser Galaxie der Mëllechstrooss (och dacks „Galaxis“ genannt) kann een an enger däischterer awer klorer Nuecht (keng Stroosseluuchten, oder grouss Uertschaften) d'Stäre vun der galaktescher Scheif gesinn, déi ausgesinn, wéi wann ee Mëllech ausgeschott hätt.


From Wikipedia, the free encyclopedia · View on Wikipedia

Developed by Nelliwinne