![]() Den 2312 a Richtung Wittlich an der Gare vu Betzder (2025) | |
ass eng | Gare |
---|---|
Status | am Gebrauch |
opgaang | 1. Januar 1908 |
Lag vun der Statioun | |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Betzder |
Uertschaft | Betzder |
Koordinaten | 49°41'20"N, 6°20'56"O |
Héicht i. M. | 229 m |
Reseau | |
Statiounscode | Bz |
Bedreiwer | CFL |
Reseau | CFL-Zuchreseau |
P.K. | 24,658 km |
Gleiser mat Quai | 2 |
Nopeschstatioun(en) |
Gare Rued, Gare Wecker |
Websäit | https://www.cfl.lu/fr-FR/network/station/Gare-de-Betzdorf |
![]() |
D'Gare vu Betzder ass eng Gare vun der Lëtzebuerger Eisebunn. Se läit an der Rue de la Gare an der Sektioun Betzder vun der Gemeng mam selwechten Numm.
D'Gare Betzder gehéiert zur Linn Lëtzebuerg - Waasserbëlleg - Tréier - (Wittlich) vum CFL-Zuchreseau. Se läit tëscht der Gare Rued an där vu Wecker. Bei der Gare gëtt et just 8 Parkplazen an eng fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit. Et gëtt keng Bikebox fir säi Vëlo ënnerdaach ze stellen.
An der Gare gëtt et keng Ënnerféierung; fir vun engem Quai op deen aneren ze kommen, muss een iwwer d'Barriär (PN.68) goen, déi direkt ëstlech vun der Gare läit.