Gare Lorraine TGV

D'Gare Lorraine TGV ass eng franséisch Gare op der Héichvitessstreck LGV Est européenne um Territoire vun der Gemeng Louvigny südlech vu Metz an am Norde vun Nanzeg, ronn siwe Kilometer vum Fluchhafe Metz-Nancy-Lorraine ewech. D'Gare ass 2007 opgaangen an et ass nieft der Gare Meuse TGV an der Gare Champagne-Ardenne TGV eng vun den dräi Garen op där Streck.


From Wikipedia, the free encyclopedia · View on Wikipedia

Developed by Nelliwinne