![]() An der Colmer Gare (2022) | |
ass eng | Gare |
---|---|
Status | am Gebrauch |
opgaang | 1862 |
Lag vun der Statioun | |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Schieren |
Uertschaft | Colmer Bréck |
Koordinaten | 49°48'54"N, 6°6'6"O |
Héicht i. M. | 214 m |
Reseau | |
Statiounscode | Cb |
Bedreiwer | CFL |
Reseau | CFL-Zuchreseau |
P.K. | 43,232 km |
Gleiser mat Quai | 2 |
Nopeschstatioun(en) |
Gare Schieren, Gare Kruuchten |
![]() |
D'Gare vu Colmer-Bierg ass eng Gare vun der Lëtzebuerger Eisebunn. Se läit um CR123 beim Lieu-dit Colmer Bréck an der Gemeng Schieren, um rietsen Uwänner vun der Uelzecht. Iwwer d'Gare leeft de Colmer Viaduc vun der A7.
D'Gare Colmer-Bierg läit tëscht der Gare Kruuchten an där vu Schieren a gehéiert zu follgende Linne vum CFL-Zuchreseau:
D'Gare Colmer-Bierg huet e gratis Park & Rail-Parking mat 150 Parkplazen an zwou speziell Parkplaze fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit. Se huet e Passage ënner de Gleiser fir vun engem Quai op deen aneren ze goen. Dëse Passage ass net adaptéiert fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit.
Vum südleche Quai aus besteet fir Foussgänger a Vëlosfuerer eng Verbindung iwwer d'Uelzecht fir an d'Duerf Colmer ze kommen. Vëloe kann een an enger Bikebox ënnerdaach stellen.