Gare Diddeleng-Schmelz

Gare Diddeleng-Schmelz

Streck 6b
PK 5,226
Quaien 2
Gleiser 2
Uertschaft Diddeleng
Gemeng Diddeleng
Kanton Esch-Uelzecht
Koordinaten 49° 28’ 21’’ N
      6° 04’ 46’’ O
Websäit CFL.lu

D'Gare Diddeleng-Schmelz ass eng Gare op der CFL-Linn 6b tëscht der Gare Diddeleng-Zenter an der Gare Wuelmereng vun der Lëtzebuerger Eisebunn. Et ass déi lescht Statioun virun der Grenz fir a Frankräich.

D'Linn 6 féiert vu Lëtzebuerg op Beetebuerg a vun do iwwer Näerzeng op Rëmeleng respektiv Esch-Uelzecht, vu wou et op Däitsch-Oth respektiv Rodange geet. Vu Beetebuerg féiert d'Linn 6 och nach op Diddenuewen respektiv op Wuelmereng.

D'Gare Diddeleng-Schmelz huet e gratis Park & Rail-Parking mat 37 Parkplazen a speziell Parkplaze fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit.

Am Gebai vun der Gare ass de Centre de documentation sur les migrations humaines ënnerbruecht.


From Wikipedia, the free encyclopedia · View on Wikipedia

Developed by Nelliwinne