![]() En Dosto an der Gare vu Schieren | |
ass eng | Gare |
---|---|
Status | am Gebrauch |
opgaang | 1880 |
Lag vun der Statioun | |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Schieren |
Uertschaft | Schieren |
Koordinaten | 49°49'47,309"N, 6°5'42,889"O |
Héicht i. M. | 204 m |
Reseau | |
Statiounscode | Sr |
Bedreiwer | CFL |
P.K. | 50,000 km, 44,950 km |
Nopeschstatioun(en) |
Gare Ettelbréck, Gare Colmer-Bierg, Gare Colmer-Usines |
![]() |
D'Gare vu Schieren ass eng Gare vun der Lëtzebuerger Eisebunn. Se läit westlech vun der N7 an der Sektioun Schieren an der Gemeng mam selwechten Numm. Südlech vun der Gare war an der Impasse Antoine Bourkel d'Barriär PN27, déi am September 2019 fir zerguttst zougemaach gouf. Déi nërdlech Barriär (PN27a) iwwer d'Rue du Moulin besteet nach.
D'Gare Schiere läit tëscht der Gare Colmer-Bierg an där vun Ettelbréck a gehéiert zu follgende Linne vum CFL-Zuchreseau:
An der Gare leien zwee Gleiser fir Nordstreck an eent fir d'Atertlinn, dat awer just nach vun de Gidderzich op der Linn vun / op Biissen gebraucht gëtt.
D'Gare Schieren huet e gratis Park & Rail-Parking mat 38 Parkplazen an zwou speziell Parkplaze fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit. Vëloe kann een an enger Bikebox ënnerdaach stellen.