Als Geeschterkrater gëtt an der Astronomie en alen Aschlagkrater bezeechent, deem säi Kraterrampli duerch laangundauernd Erosioun bal ganz ofgedroen ass an nëmme méi bei ganz flaachem Sonnestand siichtbar gëtt (kuckt d'Biller).
Och méi jonk Aschléi kënnen zum Verforme vun ale Strukture féieren, déi awer dacks duerch hir gestengstypisch, spektral Eegenschafte mat Spezialmethoden opgespiert kënne ginn. De Planetolog Eugene Shoemaker nennt si dofir och Palimpsest - analog zu den iwwerschriwwene Pergamenter an der Archeologie.