Gemeng Bous-Waldbriedemes | |
---|---|
De Veräinsbau Jos Rennel (Mee 2023) wou déi nei Märei soll gebaut ginn | |
An anere Sproochen |
fr: Bous-Waldbredimus de: Bous-Waldbredimus |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Kanton Réimech |
Chef-lieu | Bous |
Buergermeeschter | Toto Da Costa Araujo |
Awunner | 3.165 |
1. Januar 2024 | |
Fläch | 2.799,3017 ha |
Koordinaten | 49°33'30"N, 6°18'30"O |
LAU-Code | LU1209 |
Websäit | bouswaldbredimus.lu |
D'Gemeng Bous-Waldbriedemes (offiziell commune Bous-Waldbredimus) ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen a läit am Kanton Réimech. Si ass den 1. September 2023 aus der Fusioun vun de Gemenge Bous a Waldbriedemes entstanen.
De Chef-lieu vun der Gemeng ass uganks d'Uertschaft Bous, bis déi nei Märei zu Waldbriedemes fäerdeg ass. Uganks war geplangt, dat aalt Paschtoueschhaus als Märei ëmzebauen[1], Enn 2022 ass dunn awer festgehale ginn, eng nei Märei um Terrain vum Veräinsbau Jos Rennel ze bauen[2][3].