Gemeng Parc Housen

Gemeng Parc Housen
d'Märei vun der Gemeng Parc Housen
An anere Sproochen fr: Parc Hosingen
de: Parc Hosingen
Land Lëtzebuerg
Kanton Kanton Klierf
Chef-lieu Housen
Buergermeeschter Romain Wester
Awunner 4.141
  1. Januar 2024
Fläch 7.065 ha
Koordinaten 50° 00’ 52.95’’ N
      06° 05’ 28.63’’ O
LAU-Code LU0503
Websäit https://hosingen.lu/
D'Schoul vun der Gemeng Parc Housen

D'Gemeng Parc Housen ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Klierf. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Housen.

D'Gemeng ass den 1. Januar 2012 aus der Fusioun vun de Gemengen Houschent, Housen a Konstem entstanen. Si ass vun der Fläch hier déi véiertgréisst Gemeng am Land.

D'Fusioun gouf am Juli 2010 an engem Referendum vun enger Majoritéit vu 77 % vun de Wieler guttgeheescht[1], an duerch d'Fusiounsgesetz vum 24. Mee 2011 konsolidéiert[2].

  1. Referendum: Aus Housen, Houschent a Konstem gëtt Parc Housen rtl.lu
  2. Fusiounsgesetz vum 24. Mee 2011 Archivéiert de(n) 19.10.2013. Gekuckt de(n) 13.10.2011.

From Wikipedia, the free encyclopedia · View on Wikipedia

Developed by Nelliwinne