Gemeng Rollengergronn | |
---|---|
![]() | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Rollingergrung de: Rollingergrund |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Lëtzebuerg |
Koordinaten |
49° 37’ 37.60’’ N 06° 06’ 16.70’’ O |
![]() |
D'Gemeng Rollengergronn ass eng fréier Gemeng déi haut als Sektioun zur Stad Lëtzebuerg gehéiert. Den Territoire bilt och de gréissten Deel vum Quartier Rollengergronn.
Den 1. Juli 1849 (Gesetz vum 8. Mee 1849) ass d'Gemeng Eech gedeelt ginn an déi separat Gemeng Rollengergronn ass entstanen[1]. Si ass ervirgaangen aus de Sektioune Rollengergronn, Roudebierg, Lampertsbierg, Siwebueren (mat der Parzeläinsfabréck), engem Deel vun der Sektioun Millebaach an deem Deel vun der Sektioun Reckendall deen zur Gemeng Eech gehéiert huet. D'Gemeng hat eng Fläch vu 773,5607 ha.
D'Gemeng Rollengergronn huet den 1. Juni 1920 (Gesetz vum 26. Mäerz 1920), zesumme mat de Gemengen Hollerech an Hamm mat der Stad Lëtzebuerg fusionéiert.[2]