George Rigaud | |
---|---|
![]() | |
Gebuer |
11. August 1905 Buenos Aires |
Gestuerwen |
17. Januar 1984 Leganés |
Doudesursaach | Verkéiersaccident |
Nationalitéit | Argentinien, Frankräich |
Aktivitéit | Filmschauspiller |
![]() |
De George Rigaud, gebuer als Pedro Jorge Rigato Delissetche den 11. August 1905 zu Buenos Aires an Argentinien, a gestuerwen de 17. Januar 1984 zu Leganés a Spuenien, war e franséisch Schauspiller. Hien ass a senge Filmer och als Jorge Rigaud, Georges Rigaud, Giorgio Rigato a Jorge Regaud opgetrueden.
Dem Rigaud seng Eltere koumen aus Italien an aus dem Baskeland a waren an Argentinien ausgewandert. Am Joer 1914 koum d'ganz Famill erëm zeréck a Frankräich.
De Rigaud krut och a Frankräich am Joer 1931 seng éischt Roll beim Film. Bekannt Filmer aus den 1930 Jore mat him sinn:14 juillet (1933) vum René Clair an Une histoire d'amour (1933) vum Max Ophüls. Am Ufank vum Zweete Weltkrich goung hien iwwer Italien erëm zeréck an Argentinien. An Argentinie war hien als Schauspiller aktiv bis hien 1958 erëm zeréck an Europa koum. Vun do un huet hien haaptsächlech an italieeneschen a spuenesche Genrefilmer Niewerollen iwwerholl. Hie war an iwwer 200 Kinos- an TV-Filmer ze gesinn.