George Chakiris | |
---|---|
Gebuer |
16. September 1934 Norwood |
Nationalitéit | USA |
Aktivitéit | Schauspiller, Theaterschauspiller, Televisiounsschauspiller, Dänzer, Sänger, Filmschauspiller |
Den George Chakiris, gebuer de 16. September 1934 zu Norwood, Ohio, ass en US-amerikaneschen Dänzer, Sänger a Schauspiller.
An den 1950er Joren ass den George Chakiris haaptsächlech als Dänzer an Hollywood-Filmer opgetrueden. 1961 gouf hien dunn duerch d'Roll vum Bernardo an der Filmversioun vum Broadway Musical West Side Story bekannt. Weider bedeitend Filmer mat him sinn: La ragazza di Bube (1963) vum Luigi Comencini a Les demoiselles de Rochefort (1967) vum Jacques Demy mat der Catherine Deneuve a Françoise Dorléac.