Gerard Mortier

Gerard Mortier
Gebuer 25. November 1943
Gent
Gestuerwen 8. Mäerz 2014
Bréissel
Doudesursaach Bauchspäicheldrüsekriibs
Nationalitéit Belsch
Educatioun Universitéit Gent
Aktivitéit Dramaturg
Member vun Europäesch Wëssenschafts- a Konschtakademie, Akademie der Künste Berlin

De Gerard Alfons August Mortier, gebuer de 25. November 1943 zu Gent, a gestuerwen den 8. Mäerz 2014 zu Bréissel[1], war e belschen Operen- an Theaterintendant an den Directeur artistique vun de Salzburger Festspiele.

1981 bis 1991 war hien den Intendant vun der Bréisseler Oper La Monnaie. 1991 gouf en Intendant a kënschtleriechen Direkter vun de Salzburger Festspiele. 2004 bis 2005 huet hien den éischten Zyklus vun der Ruhrtriennale op d'Been gesat, a vun der Saison 2004/05 bis Juli 2009 war hien Direkter vun der Opéra nationale de Paris. 2010 huet en d'Leedung vun der Madrider Oper Teatro Real iwwerholl.[2]

Hien ass mat 70 Joer un engem Pankreastumor gestuerwen.

  1. Gerard Mortier, 70, Intendant Who Courted Innovation and Controversy in the Opera House, Has Died.
  2. Gerard Mortier goes to Madrid. VRT, 27. November 2008

From Wikipedia, the free encyclopedia · View on Wikipedia

Developed by Nelliwinne