Giovanni Riccioli | |
---|---|
![]() | |
Gebuertsnumm | Galeazzo Riccioli |
Gebuer |
17. Abrëll 1598 Ferrara |
Gestuerwen |
25. Juni 1671 Bologna |
Aktivitéit | Selenograph, Theolog, Astronom, Kartograph, Universitéitsprofesser, Schrëftsteller, Philosoph |
![]() |
De Giovanni Battista Riccioli oder och Giambattista Riccioli, gebuer de 17. Abrëll 1598 zu Ferrara, a gestuerwen de 25. Juni 1671 zu Bologna, war en italieenesche Paschtouer (zanter 1614 Jesuitt) an Astronom. Ir hie sech ganz der Astronomie zougedréit hat, hat hie vill Jore Schoul an den Universitéite vu Parma a Bologna gehalen, wou seng Haaptgebidder Philosophie an Theologie waren.
Als Astronom war hie nee vun de Pionéier vun der Selenographie. D'Astronomen hu spéider seng Nomenklatur vun de Moundkrater a Moundmierer gréisstendeels iwwerholl. A sengem "Neien Almagest" stellt hien d'Heliozentrik dem Tychonesche Weltsystem géintiwwer.