![]() |
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Buedemformatioun um Planéit Mars. Fir aner Bedeitunge, kuckt wgl. Glenelg. |
De Glenelg ass eng Buedemformatioun um Planéit Mars. Si ass am Marskrater Gale ongeféier 400 m südëstlech vun der Landeplaz vun der Raumsond Curiosity. Bei der Buedemformatioun handelt et sech ëm eng Plaz, op där dräi verschidde geologesch Formatiounen zesummestoussen. Verschidde Fielsdeeler leien do iwwereneen. Glenelg gehéiert zu den éischten Ziler, déi de Marsroboter ënnersiche soll.
Am Glenelg koum fir déi éischt Kéier de Buerer vum Rover an den Asaz. Um Wee dohin, goufe Buedem- a Gestengsprouwe gesammelt. Duerno goung de Wee no engem Mount op e 5 km héije Bierg weider.[1]