Grad Oechsle (oder Oechslegrad, ofgekierzt ° Oechsle oder ° Oe) ass eng Unitéit fir d'Moschtgewiicht, also den Undeel vum Zocker am Drauwemoscht unzeginn; se ass no hirem Erfinder Ferdinand Oechsle genannt.
Den Zockerundeel ass fir de Wënzer wichteg fir erauszefanne wéini et Zäit ass fir d'Drauwen ze liesen. Fir de Konsument ass den Oechslegrad besonnesch bei Dessertwäiner interessant well en ugëtt wéi vill Reschtzocker am Wäin dran ass.
Zu Lëtzebuerg muss eng Spéitlies op d'mannst 95° Oe, den Äiswäin op d'mannst 120° Oe an de Stréiwäin op d'mannst 130° Oe hunn. Abëns vun de genannte Wäiner louch d'Moschtgewiicht fir d'Recolte 2013 an der Moyenne bei 73° Oe[1].